mardi 13 mai 2014

Lancement de la nouvelle campagne mondiale contre la torture - Témoignage de Yolanda Arellano Carvajal

Moien, Ech sin d’Yolanda Arellano Carvajal

Wann een vun Folteren/Tortuur Schwetzt, gëtt oft nemmen vum Akt ze folteren, an vun den domat verbonnenen schlechten Traitementer geschwaat waat eis awer vergiessen léisst wie d’Konsequenzen fir Affer an deren Familjen sinn.

Ech wëll iech zielen daat een fir ëmmer vun esou Tortuuren markiert bleibt an ech kann nemmen bestätegen daat d’Liewen no der Tortuur nei mei daat selwecht as.
Kéen as op esou eng Erfahrung virbereet,
Et gëtt näischt, waat éis virbereet fir dem eegene Doud entgéint trieden.
Eng teschent deenen villen Tortuuren ënnert dem Régime vun Pinochet waaren d’Hinrichtung simulationen.
D’Drohungen, Humiliationen, Beleidigungen, Zerstéieren vun Kierperlécher Integritéit, Reechen bis bei d’Familjen an bleiwen fir laang.
Dësen Prozess vun schlechten Traitement huet nach seng Effekten, laang nodeems den Kierperléchen Schmerz erriwer ass.
Den moien vum 11 September 1973 gouf et vill Niwwel an et war immens kaal.
Eng Explosioun mëcht eis wakreg, et gëtt geblärt, Schësser faalen, mir héieren Schrëtter, ganz vill Schrëtter, an meng Famill en ech sprangen aus eisen Betten. Mir laafen virun d’Diir an entdecken daat eis Proprietéit vun der Chileneschen Marine ëmstellt as.

D’Putschisten haaten Chile ënnerdeelt, an daat énnert des verschiddenen Regimenter. Limache meng Staad huet deemols der Provënz vun Valparaiso gehéiert, an dofir waar et d’Chilenesch Marine die d’Ganz Provënz kontrolléiert huet.

Et gouf eng Bomm an den Studioen von eisene Radio Victoria gesaat, doropps hinn gouf d’Antenne die um Gipfel vum héischten Hiwwel op eiser grousse proprietéit zu Limache waar, dynamitéiert.
Et goufen all Schallplatten geklaut, eis Telefunken Hör an Spillgeräter goufen matgeholl.
Alles waat vun Wert waar, gouf geklaut an de rescht gouf verbrannt.
Vill Bicher aus eiser grousser Bibliotheik goufen verbrannt.
Durchsischungen vun eis, eisem Haus, eisen Radiosender waaren „monnaie courante“, Einschüchterungen hunn och dozou gehéiert soubaal ze do waaren.
Main Papp an main Bruder goufen festgeholl.

éis Sich no hinnen während Méint haat Ugefaangen.

Kierperléch Tortuur viir main Papp an mein Bruder,
woor psychologesch Tortuur fir d’Famill.
Meng Mamm, meng Schwester an ech, durchsichten d’ganz Provënz.
Mir gungen bei d’Diiren vun den Regimenter mat Fotoen vun Papp an vun mengen Bruder fir ze weissen op se do wiéren.
Am Dezember 1973 fänkt den Régime un zóuzeginn daat et Politesch gefaangen gëtt, an fänken un Informatiounen iwwet se ze ginn.

Haut wees ech daat et durch Organisatiounen éwei Amnesty International dat erméiglechtt gouf.

Main Papp an main Bruder goufen doropshin vum LEBU deen der Chilenesch Marine Marchande geheiert huet – an den Régime als Gefängnisschëff benotzt huet; an de Prison vun Valparaiso bruecht AND

D’Croix Rouge internationale daerf se besichen.

Vun dëser Périod hunn ech d’Errennerung als wär et eppes NET vun deser Welt.
Main Papp an main Bruder hunn nie gewollt eis vun deenene Tortuuren ze zielen dei sie hu missten aushaalen.
Hei an’s do verléieren se en klengen Kommentar driwwer, wann sie e Film, eng Reportage gesinn hunn, mee méi och net.
Mir hunn materlieft wei se Alpdrëem, Allergién an aaner psychosomatech symptomer haaten, an daat well hieren Kiérper no esou vill schlecht Traitementer versicht sech bemierkbar ze machen.
Main Papp huet aus sengen Leiden, Gedichter an Geschichten gemaach fir se ze verschaaffen.
Main Bruder huet eng grouss Famill mat 5 Kanner gegrënnt.
Exil an Arrivée zu Letzebuerg
Um Findel goufen mir erwaart, éis Nimm wooren bekannt.
Mir goufen hërzlech empfaangen an souguer eng Rezeptioun gouf an éisen éire gemaach.
Do mëschen sech letzebuerger, Staatsbeamten an Autoritéiten an net ze vergiessen sämtlech EU Beamten déi verschidden Empfangs Komiteen krëiert haaten.

Mir Chilenen waren priviligiért wann een gesait wéi mir vun Letzebuerg empfaangen goufen.

Den deemoleggen Justiz Minister Robert Krieps huet eis ëmmer “Meng Chilenen” gennant.
Die schlecht Traitement an déi die se durchféiren: Déi Uniforméierten.
Nach Haut, hunn ech keen Vertrauen an Angscht wann ech Uniform gesinn.
All Kontroll deen vun uniforméiert Léit gemaach gëtt provozéiert nach Haut bei mir HERZRASEN an Nervositéit.

Den Retour an den Chile

Seit 18 Joer gehéiert d’Radio Latina vun Limache zum Alldaag am Chile. (De Numm gouf dem Sender vun mengen Papp als Errennerung un seng Zait, wou en mat Portugiesen an Spuenier, bei Radio Latina zu Letzebuerg Kollaboréiert huet).
Mat sengen 86 Joer mëcht main Papp ëmmer nach seng Arbecht als Journalist, Moies, vun Meindes bis Samsdes, an während 20 minuten, Kommentéiert hien den Chileneschen Alldaag.
Deen Daag wou meng Elteren desen Radiosender erëm inauguréiert hunn, ma genau deen Daag huet d’Famill ARELLANO CARVAJAL sain Kampf géint den Régime gewonn, an hiren Retour waar en ERFOLLEG.

MEE

D’Tortuur op der Welt huet net opgehaalen ze existéieren , an doofir verurteele mir HAUT iwwer Amnesty International, daat d’Tortuur emmer noch existéiert an daat et meng AUFGAB ass des ze verurteelen.


Merci

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire